Nicolas Kettel
| Nicolas Kettel | |
|---|---|
| Gebuer |
17. Dezember 1925 Diddeleng |
| Gestuerwen |
7. Abrëll 1960 Lëtzebuerg |
| Doudesursaach | Verkéiersaccident |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Foussballspiller |
| Positioun oder Spezialitéit | Stiermer |
| Veräin/Ekipp |
Stade Dudelange, Stade Dudelange, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp |
| Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1948 |
|
| |
Den Nicolas Kettel oder Nic Kettel, gebuer de 17. Dezember 1925 zu Diddeleng, a gestuerwen de 7. Abrëll 1960 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Zwangsrekrutéierten[1], Foussballspiller an Olympionik.[2]
Hien huet fir d'"Stade" zu Diddeleng a bei de Young Boys zu Dikrech gespillt a 57 Matcher an der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp.[3]
Hie war bei den Olympesche Spiller 1948 zu London dobäi an huet beim Match Lëtzebuerg - Jugoslawien (1-6) matgespillt.[4]
Hien ass de 7. Abrëll 1960 duerch en tragescht Autosaccident gestuerwen, an dem och den Nico Reiff an den Nico Schlesser ëm d'Liewe komm sinn.[5]
Kuckt och
Portal Sport- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Referenzen
- ↑ Fédération des enrôlés de force - Nicolas Kettel. www.ons-jongen-a-meedercher.lu. Gekuckt de(n) 24.06.2023.
- ↑ Den Nic Kettel op der Websäit vu sports-reference.com
- ↑ Lëscht mat de Lännermatcher vum Nic Kettel op der Websäit eu-football.info
- ↑ Den Nic Kettel op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens' Archivéiert de(n) 09.03.2016. Gekuckt de(n) 06.02.2011.
- ↑ [1]
