Eng Popp (vum Lat.puppa - "klengt Meedchen") ass e Spillgezei, dat wéi eng verklengert Nobildung vun engem Mënsch ausgesäit. Nieft der Funktioun als Spillgezei kënne Poppen och fir Sammel- oder Dekoratiounszwecker gebraucht ginn, oder méi seele fir kultesch oder reliéis Handlungen.