Recep Tayyip Erdoğan
| Recep Tayyip Erdoğan | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer | 26. Februar 1954 |
| Nationalitéit | Tierkei |
| Aktivitéit | Staatsmann |
| Gielercher | Steiger Award, Uerde vun der Republik (Tunesien), Grousskräiz vum Leopoldsuerden, Orden del Libertador, Ig-Nobelpräis, Ordre de Léopold |
|
| |
De Recep Tayyip Erdoğan [ˈɾɛdʒɛp ˈtɑːjip ˈɛɾdɔːɑn], gebuer de 26. Februar 1954 zu Istanbul, ass en tierkesche Politiker. Hien ass zëner dem 28. August 2014 den zwielefte President vun der Republik.
Den Erdoğan war vun 1994-1998 Buergermeeschter vun Istanbul a vu Mäerz 2003 bis August 2014, iwwer dräi Legislaturperioden, Ministerpresident vun der Tierkei.
Vun 2001 bis 2014 war hien den éischte President vun der islamesch-konservativer Partei fir Gerechtegkeet an Entwécklung (AKP).
