Shinjitai
Shinjitai, op Japanesch 新字体 shinjitai „nei Zeechen“, ass déi nei Form vun den a Japan benotzte Kanji, déi 1946 bei der Schrëftreform agefouert gouf.
Bei dëser Reform vum japanesche Bildungsministère goufen 1850 „Alldags-Kanji“ (Tōyō-Kanji) opgelëscht, deenen hiren Opbau a Strécher deelweis vereinfacht goufen.
Beispiller
| Ursprénglecht Zeechen |
Neit Zeechen |
On | Kun | Bedeitung | Chineesescht Kuerzzeechen |
|---|---|---|---|---|---|
| 鐵 | → 鉄 | TETSU | kurogane | Eisen | 铁 |
| 與 | → 与 | YO | ataeru | zouweisen; ginn | 与 |
| 學 | → 学 | GAKU, | manabu | léieren | 学 |
| 體 | → 体 | TAI | karada | Kierper | 体 |
| 國 | → 国 | KOKU | kuni | Land; Heemecht; Staat | 国 |
| 寫 | → 写 | SHA | utsusu | fotograféieren, ofbilden; ofschreiwen, kopéieren | 写 |
| 廣 | → 広 | KŌ | hiroi | wäitleefeg; geraimeg; breet | 广 |
| 圓 | → 円 | EN | marui | Krees, Yen ronn |
圆 |
Kuckt och
- Kyūjitai
- Japanesch Schrëft