Stan Laurel
| Stan Laurel | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Arthur Stanley Jefferson |
| Gebuer |
16. Juni 1890 Ulverston |
| Gestuerwen |
23. Februar 1965 Santa Monica |
| Doudesursaach | Häerzschlag |
| Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
| Aktivitéit | Theaterschauspiller, Dréibuchauteur, Komiker, Filmschauspiller, Cascadeur, Filmregisseur, Filmproduzent, Schauspiller, Regisseur |
| Gielercher | Éierenoscar, Stär um Hollywood Walk of Fame |
| Famill | |
| Bestuet mat | Lois Neilson, Ida K. Laurel |
| Liewenspartner(in) | Mae Dahlberg |
| Papp | Arthur J. Jefferson |
|
| |
De Stan Laurel, mam richtegen Numm Arthur Stanley Jefferson, gebuer de 16. Juni 1890 zu Ulverston, Lancashire (haut Cumbria), England, a gestuerwen den 23. Februar 1965 zu Santa Monica, Kalifornien, war en englesche Schauspiller a Komiker, dee virun allem bekannt war als den "Dënnen" vum Komiker-Duo Den Décken an den Dënnen.
De Laurel war de Jong vun engem brittesche Show-Artist. 1910 ass hie fir d'éischt Kéier an d'Vereenegt Staate gaangen, als Member vun der Fred Karno-Trupp, an där och de Charlie Chaplin war. De Laurel ass an den USA bliwwen, wou e Vaudeville-Theater gespillt huet a geleeëntlech a Stommfilmer opgetrueden ass.
1926 huet hien ugefaangen, a Filmer fir d'Hal Roach-Studioe mam Oliver Hardy zesummenzeschaffen. Si hate geschwënn e grousse Succès als Stommfilm-Kommikerduo. Méi spéit hu si och Tounfilmer zesumme gemaach.
De Stan Laurel war de kreativen Deel vum Duo, deen am meeschten zu den Dréibicher bäigedroen huet.
Éierung
An der Gemeng Suessem, zu Bieles, gouf eng Strooss no him genannt.[1]
Um Spaweck
| Commons: Stan Laurel – Biller, Videoen oder Audiodateien |

Ausgesi vun de Referenzen
- ↑ L-4426.
