Trappist-1e
| Exoplanéit Trappist-1 e | |
|---|---|
| Stärebild: | (Aqr)
|
| Daten | |
| Equinoxe | J2000.0 |
| Rektaszensioun | 23h 6m 29,36s |
| Deklinatioun | - 5° 2' 29,2" |
| Visuell Magnitude | |
| Orbitdaten | |
| Zentralstär | TRAPPIST-1 |
| Grouss Hallefachs | ? AE |
| Exzentrizitéit | <0,085 |
| Ëmlafdauer | 6,10 d |
| Physikalesch Eegenschaften | |
| Äerdradius | 0,918 (± 0,039) |
| Äerdmass | 0,62 M⊕ |
| Distanz a Liichtjoer | 40 Liichtjoer |
| Geschicht | |
| Entdecker | |
| Entdeckung | 22. Februar 2017 |
| Aner Bezeechnungen | 2MASS J23062928-0502285 e 2MASSI J2306292-050227 e 2MASSW J2306292-050227 e 2MUDC 12171 e |
Den Trappist-1 e ass en Exoplanéit, dee ronn 40 Liichtjoer vun eis ewech ëm säin Zentralstär, den TRAPPIST-1 an enger habitabeler Zon, kreest. Den Trappist-1 e ass dee mëttelste vu siwe Planéiten. Warscheinlech kreese s'alle siwen am Trappist-1-System ëm hiren Zwergstär an enger gebonnener Rotatioun.
Eegenschaften
Den Trappist-1 e ass eppes méi kleng wéi eis Äerd (92 % vum Äerdduerchmiesser) an huet eng Mass vun ongeféier 62 % vun der Äerdmass. Domat ka seng Uewerflächenacceleratioun op ongeféier 74 % vum Wäert vun der Äerd geschat ginn.
