Zinfandel
| Zinfandel | |
|---|---|
| Faarf | |
| rout | |
| Geschmaach | |
| peffreg, tanninbetount, ronn | |
| Alkoholgehalt | |
| % | |
| Temperatur fir ze drénken | |
| 16 - 18 ° | |
| Ubaugebidder | |
| USA, Mexiko | |
| Ubaufläch weltwäit | |
| 24.500 ha |
Den Zinfandel ass eng rout Riefzort a gëtt haaptsächlech an den USA a Kalifornien (20.300 ha) an a Mexiko (4.000 ha) ugebaut.
Neien Erkenntnesser no ass et eng Riefzort déi vun der kroatescher Zort Crljenak kaštelanski ofstaamt. [Source?]
A klenge Quantitéite fënnt een den Zinfandel och an Australien an a Südafrika.
De Wäin dee wäiss, rosé oder rout ass, an heiansdo op Porto erauskënnt, huet de selwechten Numm wéi d'Rief, a gëtt dacks einfach Zin genannt. De Rosé ass zimmlech blatzeg a gëtt blush genannt. De rouden Zin huet eng donkelrout Faarf, ass fruuchteg, an d'Gewierzgoûten déi dra sinn, fänken un nom drëtte Joer sech richteg ze prononcéieren.